News-Archiv

05.10.2025

D’Schoul Elweng op Wanderschaft

De Freideg war eis ganz Elwenger Schoul um Tour a mir sin duerch d’Gemeng gewandert.
All Cycle ass en aneren Tour gewandert, mee Mëttes si mir all zu Boermereng ukomm a sinn do vun der Elterenvereenegung a vun der Maison Relais mat eng engem leckeren Piknik verwinnt ginn. Merci dofir!
Dono konnten d’Kanner op der Spillplaz verdauen, ier mir um 14:00 mam Bus zréck bei d’Schoul gefuer sinn.
17.09.2025

Et geet rëm lass . . .

Kreativen Atelier, Musep, Lasep

D’Aktivitéite fänken an der Woch vum 22. September un.
14.07.2025

Schoulfest zu Elweng

De 14. Juli war zu Elweng an der Schoul eng méi lass. De ganzen Dag hate mir e flott Schoulfest, mat ville flotten Atelieren, Pizza vum Grill an der Mëttesstonn, Glacen, Cadeauen, .... Hei e puer Andréck.
17.06.2025

Fëte de la musique

D'Schoule vu Remerschen an Elweng stoungen de Sondeg am Kader vun der Fête de la musique op der grousser Bühn. Déi Woche virdrun ass vill geprouwt ginn. Kuckt Iech d'Fotoen un . . .
16.05.2025

Charity Cross

25.04.2025

Télévie

31.03.2025

Charity Run zu Remerschen

Eis ganz Schoul war den 31.03.2025 zu Remerschen um Charity-Run. D'Sonn war och um Rendez-vous an et konnte vill Suen fir den Televie gesammelt ginn. Merci Kanner!
14.02.2025

Virliesconcours

De Massimo Staglianò konnt sech géint 34 Kanner aus dem C4 duerchsetzen a gewënnt de Virliesconcours 2025!
Bravo Massimo!
19.12.2024

De Cycle 3 suergt fir Krëschtstëmmung zu Elweng!

De Cycle 3 vun Elweng huet déi läscht Wochen Lidder op der Flütt geléiert! Haut hun si der ganzer Schoul gewise wat si kënnen an hun an der Turnhal spontan e Konzert gemat!
18.12.2024

Krëschtfeier am CMK

18.12.2024

Rezepter vun de Kichelcher

Fannt an eisem Bakbuch d’Rezepter vun de Kichelcher, déi d’Kanner an der Schoul gebak, an um Krëschtmoart verkaf hunn! Lecker…
27.11.2024

De Kleeschen kënnt . . .

De Sondeg (1.12.2024) war de Kleeschen um 16.00 zu Boermereng am Centre Maus Ketti!
Och dëst Joer hun d'Kanner vun Elweng sech rëm vill Aarbecht gemat an eppes Flottes fir de Kleeschen virbereed...

Hei kënnt Dir d'Lidder lauschteren, déi d'Kanner fir de Kleeschen gesongen hun: