Relais pour la vie - 20.03.2026

09.03.2026

Den 20. Mäerz fuere mir op Schwéidsbéngen an huelen deel um Relais pour la vie zesumme matt de Schoulen vu Remerschen a Bech-Kléngmaacher.

Wat d’Kanner dobäi sollen hunn:

· Si sollen dem Wieder an der Sportsaktivitéit entspriechend ugedoe sinn.

· D’Kanner brauchen ee klénge Rucksak matt engem Bidon matt Waasser an eppes klénges z‘iessen.

· Hire Schoulsak hu si normal fir deen Dag dobäi. Mëttes ass normal Schoul.