
D’Schoul Elweng op Wanderschaft
05.10.2025De Freideg war eis ganz Elwenger Schoul um Tour a mir sin duerch d’Gemeng gewandert.
All Cycle ass en aneren Tour gewandert, mee Mëttes si mir all zu Boermereng ukomm a sinn do vun der Elterenvereenegung a vun der Maison Relais mat eng engem leckeren Piknik verwinnt ginn. Merci dofir!
Dono konnten d’Kanner op der Spillplaz verdauen, ier mir um 14:00 mam Bus zréck bei d’Schoul gefuer sinn.
» Fotoen