08.06.2026
Coupe scolaire 2026
Och dëst Joer huet de Cycle 4 d’Coupe scolaire gemat. Niewt engem theoreteschen Test hun d’Kanner sech missen op engem Parcours an op der Strooss beweisen.
Mir gratuléieren dem Hannah, dem Lara an dem Jason! Bravo!03.06.2026
De Kannerrot stellt déi nei Zentralschoul vir
De Kannerrot huet all Cycle déi nei Zentralschoul virgestallt a Froen beäntfert!09.03.2026
Relais pour la vie - 20.03.2026
Den 20. Mäerz fuere mir op Schwéidsbéngen an huelen deel um Relais pour la vie zesumme matt de Schoulen vu Remerschen a Bech-Kléngmaacher.05.12.2025
De Kleeschen war am ‚CMKB‘!
Och dëst Joer war de Kleeschen rem zu Boermereng….05.10.2025
D’Schoul Elweng op Wanderschaft
De Freideg war eis ganz Elwenger Schoul um Tour a mir sin duerch d’Gemeng gewandert.
All Cycle ass en aneren Tour gewandert, mee Mëttes si mir all zu Boermereng ukomm a sinn do vun der Elterenvereenegung a vun der Maison Relais mat eng engem leckeren Piknik verwinnt ginn. Merci dofir!
Dono konnten d’Kanner op der Spillplaz verdauen, ier mir um 14:00 mam Bus zréck bei d’Schoul gefuer sinn.17.09.2025
Et geet rëm lass . . .
Kreativen Atelier, Musep, Lasep
D’Aktivitéite fänken an der Woch vum 22. September un.14.07.2025
Schoulfest zu Elweng
De 14. Juli war zu Elweng an der Schoul eng méi lass. De ganzen Dag hate mir e flott Schoulfest, mat ville flotten Atelieren, Pizza vum Grill an der Mëttesstonn, Glacen, Cadeauen, .... Hei e puer Andréck.17.06.2025
Fëte de la musique
D'Schoule vu Remerschen an Elweng stoungen de Sondeg am Kader vun der Fête de la musique op der grousser Bühn. Déi Woche virdrun ass vill geprouwt ginn. Kuckt Iech d'Fotoen un . . .31.03.2025
Charity Run zu Remerschen
Eis ganz Schoul war den 31.03.2025 zu Remerschen um Charity-Run. D'Sonn war och um Rendez-vous an et konnte vill Suen fir den Televie gesammelt ginn. Merci Kanner!14.02.2025
Virliesconcours
De Massimo Staglianò konnt sech géint 34 Kanner aus dem C4 duerchsetzen a gewënnt de Virliesconcours 2025!
Bravo Massimo!