02.02.2021
Virliesconcours zu Elweng
Och dëst Joër hun dˋKanner aus dem Cycle 4 beim Virliesconcours matgemat.
Mir gratuléieren dem Luca Greisch, deen dëst Joer zu Elweng gewonnen huet.
Mir wënschen him vill Gléck, wann hien géint Kanner aus aneren Schoul untrëtt!
Mir soen dem Aline Pütz en décke Merci, well dˋAline mat an der Jury war an sech Zäit geholl huet, mat de Kanner ze üben an hinnen Tipps ze ginn.
DˋBicherthéik vu Schwéidsbeng huet e flotte Präiss gesponsert. Och dofir en décke Merci! 02.02.2021
A l l e s F A I R T R A D E
Haut war d'Gemeng an de Fairtrade-Grupp vun der Gemeng Schengen zu Elweng an der Schoul. An alle Klasse gëtt dThema FAIRTRADE behandelt. Luusst emol eran . . .
02.02.2021
A l l e s F A I R T R A D E
Haut war d'Gemeng an de Fairtrade-Grupp vun der Gemeng Schengen zu Elweng an der Schoul. An alle Klasse gëtt dThema FAIRTRADE behandelt. Luusst emol eran . . .
15.01.2021
WICHTEG: LASEP, ARTEC a MUSEP bis op weideres ofgesot
An der Gemeng Schengen sin an alle Schoulen LASEP, ARTEC a MUSEP bis op weideres ofgesot!
Mir soe Bescheed, wann et rëm lass geet...08.01.2021
D'Schoul geet erëm un.
De Méindeg, 11.01.2021 dierfen d'Kanner an d'Léierpersonal endlech rëm an d'Schoul. Dëss Woch fannen d'Aktivitäiten an der MLASEP, ARTEC a MUESP awer nach net statt. Dëss Aktivitéiten funktionnéieren rëm ab dem 18.01.202105.01.2021
Musep
De Kanner hun 2 Lidder ganz goud gefall gehat an der Musep. Dun hu mir se spontan opgeholl. Vill Spaass.30.12.2020
De Kleeschen war an der Schoul zu Elweng
Och wann dëst Joer alles anescht war, sou ass de Kleeschen awer op Elweng an d'Schoul komm.
D'Kanner hun sech gefreet!20.12.2020
Am Cycle 4 ass gewichtelt ginn! Et huet sech gelount!
29.11.2020
Eis nei Schoulbusbegleeder
11 Kanner aus dem Cycle 4.1 hun un enger Formatioun mat der Police deelgeholl a sinn elo Schoulbusbegleeder.29.11.2020
De Kleeschen kënnt. . .
Et ass Dezember. An de Freideg kënnt de Kleeschen op Elweng an dˋSchoul.01.10.2020
Schoul ass nees un . . .
Endlech ass et ërem sou wäit. D'Schoul huet rëm ugefaang!
Op der Internet-Säit vum Ministère fannt Dir vill Informatiounen zum Thema Covid.
15.07.2020
Molconcours vun der Gemeng
Beim Molconcours vun der Gemeng Schengen hun d'Kanner flott Biller gemolt a si belount gi vun der Gemeng mat enger Klassefriess! Décke Merci!