News-Archiv

13.06.2023

Coupe scolaire zu Elweng

Och dëst Joer sin d’Kanner aus dem Cycle 4 duerch Elweng gefuer an hu bewisen, dass si dˋ Reegelen am Verkéier kennen.
Dëst Joer huet den Olivier Siebenaler aus dem C4.2 gewonnen.
Mir soen der Elterenvereenegung, den Elteren, der Police an der Gemeng nach eng Kéier Merci!
09.06.2023

Den Harald Jüngst war zu Elweng an der Schoul

Haut war den Harald Jüngst zu Elweng an der Schoul an huet de Kanner net nëmmen Geschichten erzielt, mee och mat hinne gesongen a souguer gezaubert.

Hei fannt dir weider Infoen zum Harald:

www.harald-juengst.com
17.05.2023

Den C4.1 huet beim Concours vun der Gemeng gewonnen

31.03.2023

Eise Schoulgaart

Klickt hei fir d‘Fotoen ze gesinn!
28.03.2023

Virliesconcours 2023

Och dëst Joer hunn d'Kanner aus dem C4 vun Elweng matgemat beim Virliesconcours matgemat. En décke Merci un d'Kanner, awer un d'Jury, an däer dëst Joer d'Joffer Steffi an de Schoulmeeschter Marc souzen.
Gewonnen huet dëst Joer de Philip Ronkar aus dem C4.2.
18.01.2023

AMIAVY zu Elweng an der Schoul

Haut war AMIAVY zu Elweng am C4.

Den C4 huet, mat der Ënnerstëtzung vum Précoce, Stäeren, Kaarten, Kichelcher an Arrangementer op der Krëschtfeier verkaf a konnt esou 400€ sammelen.

Haut hun d‘Kanner vum C4 de Chèque un d‘Adela Fuentes vun AMIAVY iwwerreecht! Mat de Suen hëllefen si den Déieren, déi a Nout sinn.
23.12.2022

Krëschtdagsbrunch an der Schoul

20.12.2022

Dˋ LASEP war haut op der Kockelscheier op der Aispiste

02.12.2022

De Kleeschen war do . . .

Mam Schnéi ass haut och de Kleeschen op Elweng komm . . .
22.09.2022

LASEP AM C1 - CHANGEMENT ! ! !

Léif Elteren,

Well mir dëst Joer immens vill Umeldungen am C1 haten, hu mir eis missten anescht organiséieren.
D’LASEP fir den C1 fënnt elo NET Mëttwochs vun 16:00 bis 17:05 statt, mee Freides vun 16.00 bis 17.05.

Dirigeants fir den C1:
BAUSCH Kelly
ENGLARO Sarah

Merci fir Äert Verständnis!
06.09.2022

Informations Tour de Luxembourg 16.9.2022

06.07.2022

Schoulfest zu Elweng