AMIAVY zu Elweng an der Schoul

18.01.2023

Haut war AMIAVY zu Elweng am C4.

Den C4 huet, mat der Ënnerstëtzung vum Précoce, Stäeren, Kaarten, Kichelcher an Arrangementer op der Krëschtfeier verkaf a konnt esou 400€ sammelen.

Haut hun d‘Kanner vum C4 de Chèque un d‘Adela Fuentes vun AMIAVY iwwerreecht! Mat de Suen hëllefen si den Déieren, déi a Nout sinn.




» Fotoen