Atelieren
De Projet leeft säit iwwer 20 Joer all Freideg Nomëtteg. Zesumme mam deemolegen Inspekter Pierre Reding hu mir fonnt, datt d'Schoulzäit vun de Kanner nët sollt verlängert ginn, dat as méiglech ginn duerch eng Franchise am Stonneplang.
D'Kanner kënnen zweemol am Trimester en Thema auswielen, mat deem si sech bis di nächst Vakanz wëlle beschäftegen. D'Themen gin vun den Enseignanten proposéiert a sinn aus de Beräicher « Sciences », «Konscht » oder « Sport ».
Virun der Krëschtvakanz a virun der Summervakanz ginn d'Elteren invitéiert, fir d'Resultater vun den Atelieren kucken ze kommen.
Virdeeler fir d'Enseignanten :
- Zesummenaarbecht am Grupp, fir di Atelieren (an d'Austellungen fir d'Elteren) ze preparéiren
- Themen wielen, di e besonnesch interesséiren
- Motivéiert Schüler
- Kenneléieren vun de Kanner aus der Schoul, well ëmmer aner Kanner sech mellen
- Zesummenaarbecht mat der lokaler Elterevereenegung (fir d'Ausstellungen)
- Kontakt mat den Elteren, di op Besuch kommen
- Extra-Budget vun der Gemeng fir Sortien, Material, asw.
- Mat Kanner aus verschiddenen Altersstufen schaffen, nët ëmmer de selwechte Grad
Virdeeler vun de Kanner :
- Motivatioun
- Sozial: si schaffen an engem altersgemëschte Grupp, d'Zesummesetzung vun de Gruppen ännert all Kéier
- Sech fir en Thema decidéiren léiren
- Kenneléieren vun de verschiddenen Enseignanten
- Kenneléieren vu verschiddenen Techniken
- Sech iwwer eng länger Zäit mat engem Thema beschäftegen (och fräiwëlleg doheem)
- Den Elteren zweemol am Joer weisen, wat e geschafft huet
Obwuel di Atelieren méi Aarbecht fir den eenzelnen Enseignant bedeiten, si mir als Equipp ëmmer nees zur Conclusioun komm, dat et derwäert as, un deem Projet festzehalen.