Molconcours vun der Gemeng: Op wat freeën ech mech am meeschten no der Zäit vum Coronavirus?

19.03.2020

Grousse Molconcours fir déi 3 Schoulen aus der Gemeng

De Schäfferot haat d’Iddi fir an dëser exceptioneller Situatioun e grousse Molconcours fir all d’Schüler vun deenen 3 Schoulen ze lancéieren. De Motto vum Molconcours ass “op waat frëëen ech mech am Meeschten, no der Zäit vum Coronavirus”. Der Phantasie vun de Kanner solle keng Grenzen gesaat sin.

D’Regelen vum Concours sin och ganz einfach :

Gemolt gin kann op all méiglech Material an Format (minimum DIN A4) an och d’Wiel vun de Faarwen ass egal.

 

Hannen op d’Récksäit vum Bild soll stoen kommen :

Numm an Virnumm vum Kand

Klass, Numm vum Enseignant an Schoul

D’Kanner sollen hiert Bild bei hierem Enseignant ofgin wann d’Schoul erem ugeet.

 

Eng Jury wärt déi schéinste Biller auswielen an d’Gewënner ermëttelen.

 

Pro Cycle 2-4 an pro Schoul gëtt daat schéinste Bild matt engem Klasseniessen an engem lokale Restaurant belount.

Fir den Cycle 1 vun all Schoul gëtt daat schéinste Bild matt engem Pizzaiessen an der Schoul belount (Pizza’en gin och do selbstverständlech vun lokale Restauranten geliwert).

All Kand kritt awer och e klenge Kado.

Sämtlech Konschtwierker sollen dann och an enger grousser Ausstellung an engem Gemengesall dem Grand public gewisen gin.

Mir frëën ons elo schon op vill flott Biller.