ARTEC: Upcycling-Concours

18.03.2021

Léif Kanner ,
Et huet mech gefreet ze gesinn, dass dir esou fläisseg waart an esou flott Iddien dobäi eraus komm sin. Dir waart richteg kreativ! Et ass dann natiirlech och nët einfach fir ze entscheeden, wien dann elo e Präis gewonnen huet. Ech verroden dat och elo nët hei um Site . Sécher ass, dass ech fir all Iddi immens frou war a gesinn hunn, dass dir motivéiert waart a Spaass drun hat. Bis geschwënn a ganz léif Gréiss - Peggy

All Kand waat beim Concours matgemaach huet, kritt eng Sécherheetsveste; gesponsort vun der Firma HEIN vu Bech-Maacher.               Dofir e grousse Merci!


» Fotoen