News-Archiv

29.11.2020

De Kleeschen kënnt. . .

Et ass Dezember. An de Freideg kënnt de Kleeschen op Elweng an dˋSchoul.
01.10.2020

Schoul ass nees un . . .

Endlech ass et ërem sou wäit. D'Schoul huet rëm ugefaang!
Op der Internet-Säit vum Ministère fannt Dir vill Informatiounen zum Thema Covid.


15.07.2020

Molconcours vun der Gemeng

Beim Molconcours vun der Gemeng Schengen hun d'Kanner flott Biller gemolt a si belount gi vun der Gemeng mat enger Klassefriess! Décke Merci!
15.07.2020

Schéi Vakanz

Mir wënschen de Kanner an den Elteren eng schéi Summervakanz! Bleiwt gesond!
13.07.2020

Den C 4.2 an der Stat

Den C 4.2 war de Freideg mam öffentlechen Transport an d'Stat gefuer, fir Bicher kafen ze goen. En décke Merci un d'Gemeng!
Duerno si mir eng gutt Pizza a natierlech eng Glace iesse gaang...
13.07.2020

Klassefriess

Den C 4.2 hat haut an der Pizzeria zu Elweng seng Klassefriess.
Merci Tamara, dass du sou schéi gemolt has. Merci un d'Gemeng fir déi flott Aktioun!
01.07.2020

D'Kanner aus der Spillschoul wore spadséieren

Kuckt d'Fotoen op éiser Klassesäit :)
20.06.2020

Mam Velo ennerwee

D’Kanner aus dem C4 ware mam Velo ennerwee. Enneranerem si mir bei d’Plaz gefuer, wou virun e puer Deeg nach d’Wandmille stoung.
19.05.2020

D'Schoul geet rem un . . .

Geschwënn ass et esou wäit! De 25. Mee geet d'Schoul rem un!
Op wat d'Kanner oppasse mussen, gëtt an dëse Videon erklärt!
19.03.2020

Opgepasst! GROUSSE MOLCONCOURS AN DER GEMENG SCHENGEN!

All d'Kanner aus der Gemeng Schengen kënnen bei engem flotte Molconcours matmaachen!
13.03.2020

ARTEC

Hei e klengen Abléck vu verschiddenen Aarbechten vun de Kanner hei zu Elwéng! Eis Atelieren sinn ëmmer ganz flott a mir hu vill Spaass!
12.03.2020

Corona

Léif Elteren,
Léif Kanner,

Ab dem Méindeg, 16. März 2020 bleiwen d´Schoul an d´Maison Relais zu Elweng (awer och am Rescht vum Land) fir 2 Wochen zou.
Nom 27. März 2020 gëtt gekuckt, wéi et weider geet.

D´Léierpersonal vun Elweng